Luxembourg

This page is also available in English ›

This page is also available in French ›

This page is also available in German ›

General information

About this country

De Nationalmusée fir Naturgeschicht (MNHNL) ass den nationale Center fir d’Conservatioun vun den naturhistoresche Sammlungen zu Lëtzebuerg. Seng Haaptaufgabe sinn d’Sammelen, d’Verwalten, d’Ënnerhalen an d’Weiderleede vun Informatiounen iwwert d’Bio- an d’Géodiversitéit zu Lëtzebuerg. D’Donnéeë ginn zentral an enger nationaler Datebank erfaasst, déi souwuel de Wëssenschaftler an nationalen Acteuren am Beräich vum Naturschutz wei och der Ëffentlechkeet zougänglech ass. Des Donnéeë ginn och reegelméisseg iwwert den GBIF-Portal fir global Biodiversitéitsfuerschung verëffentlecht. Highlights vum nationalen Naturierwe ginn an Dauer- oder Sonnerausstellunge gewisen. National Inventairen a Fuerschungsprojete ginn duerchgeféiert, fir Wessensl zur Diversitéit a Verbreedung vun Aarte wei och zum Virkommen an Zesummesetzung vum Gestengsschichten a Fossillagerstätten ze schléissen.

participating institution

Patrick Michaely

Direktor Nationalmuseum für Naturgeschichte Luxemburg (MNHNL)
lu@dissco.eu

Den Nationalmusée fir Naturgeschicht (MNHNL)

De Musée huet déi wichtegst naturhistoresch Sammlunge vu Lëtzebuerg: 4.700 Wierbeldéierexponater, méi wei 3 Millioune Wirbelloser, iwwer 120.000 Planzen, Bryophyten a Champignonen, 40.000 Fossilien an 31.000 Mineraler. Fir ausgewielte Sammlunge si schonns Digitalisatiousinitiative gemaach ginn an d’Resultater sinn ëffentlech zougänglech (z.B. den Herbier iwwer GBIF). Fir aner Sammlunge gi Methoden an Aarbechtsofleef fir eng effektiv Digitalisatioun nach getest an etabléiert. Zousätzlech bedreift de Musée een Molekularlaboratoire a féiert eegestänneg Fuerschung am Beräich vun der Bio- a Géodiversiteit duerch.

Partner institutes

Facilities in Luxembourg

Als den nationale Knuet fir Sammlungen a Bio- a Géodiversiteit ass de MNHNL zur Zäit deen eenzegen NTF-Member fir Lëtzebuerg

Roadmaps

National Funding

Am Moment existéiert keng national Roadmap fir den Opbau vun naturwëssenschaftleche Fuerschungsinfrastrukturen.
De Sammlungsmanagment an d’Digitalisatioun gëtt haaptsächlech vum Budget vum Musée gedroen. Als Kulturinstitut profitéiert de MnhnL allerdéngs vun enger Digitalisatiouninitiative vum Kulturministère, déi d’Ziel huet, Digitalisatioun vun de Sammlungen an de verschidde kulturellen Instituter weiderzedreiwen. Ënnerstëtzung vum Fuerschungsministère beschränkt sech ob ausgewielte Fuerschungsprojeten déi sech allerdéngs net mat der Digitalisatioun vu Sammlunge beschäftegen.

Our achievements

Success Stories

Déi wëssenschaftlech Kollektiounen an Exponate vum MNHNL ginn an Ausstellunge benotzt fir dem Public d’Wichtegkeet an d’Schéinheet vum Bio- a Geodiversitéitsierwen an der Groussregioun ze weisen. D’Somebank ass e wichtegt Instrument fir bedreeten oder regional ausgestuerwe Planzenaarten ze stäerken oder nei anzeféieren.

Déi national Biodiversitéitsdatebank am MNHNL ëmfaasst Metadonnéeën iwwer d’naturhistoresch Sammlungen a gëtt vu Fuerscher, awer och staatlechen Acteuren dozou benotzt den Zoustand vun der Biodiversitéit ob nationalem Niveau ze bewäerten a besser ze managen.

Everything on one screen

Collection Dashboard

The dashboard you can see below contains data on the collections of natural science institutions across Europe. Page one shows the approximate number of collections per category for all of the 89 institutes who participated in an initial DiSSCo survey and page two the national contributions to the European collection. The selection boxes allow filtering for country and institutions. The data in this dashboard is populated with information as sent by the DiSSCo partners through an initial survey in November 2017 and should therefore be considered as preliminary Following that survey, we went through a rigorous process of identifying obvious errors and contacting individuals to correct those. Nevertheless it will probably still contain some errors and information might be outdated. Please contact Niels Raes if you detect any issues so the data can be updated.

If you would like to see a full screen version of the dashboard, please click here.